De Buttek vu Lëtzebuerg

Eng Epicerie Fine mat gudden an lokalen Produkter mëtten an der Staat.

Matzen an der Stad, an der Gruefgaass, hu mir déi éischt réng Lëtzebuerger Epicerie fine den 23. November 2019 opgemaach.

Als Zil, hu mir eis gesat, Iech nëmmen dat Bescht vum Land zesummenzebréngen. Nieft knusperege Rieslingspaschtéitercher, hausmaacher Gebeesser an engem gemittleche Wäikeller, gëtt et am Buttek Wanderscheid ëmmer eppes ze entdecken.

Zesumme mat de lokale Produzente leeë mir vill Wäert op déi bescht Qualitéit, den direkte Wee vum Produzent bis an de Buttek, saisonal Produiten an eng nohalteg Verpackung.

Mir sinn houfreg op déi vill a gutt Produkter aus eisem Land, kommt an d’Gruefgaass an iwwerzeegt Iech selwer.

Ons Geschicht

Dikrech 2006! Hei huet alles ugefaangen! An der Hotelschoul, si mir ons iwwert de Wee gelaf an dee sollt sech och net méi trennen. No eisen Ofschlëss (d’Vero, e Master am Hotelmanagment an de Pit, d’Hotelschoul als Kach ofgeschloss) hu mir an der ganzer Welt Erfarunge sammelen däerfen.

De Pit gouf am Joer 2011 mam Präis vum beschte jonke Kach zu Lëtzebuerg ausgezeechent a seng Rees ass weider gaangen am Restaurant Faventia zu Cannes 2*, Hugos Berlin 1*, Johan Lafer 1*, De Pastorale 2*. 2014 si mir zesummen an de Laos geflunn an hunn en onvergiessleche Projet op Been gestallt. (The Balcony Lanith Laos PDR)

Nodeems mir an de beschten Haiser weltwäit léieren duerften, war eis awer och kloer, dass et néirens esou schéin ass ewéi doheem. De Pit huet déi gastronomesch Leedung am Shopping Center Massen ofginn a gemeinsam ware mir prett, eis eegen Aventure ze lancéieren an hunn am November 2019 d’Ouverture vum Buttek Wanderscheid an der Stad gefeiert.

Aktuelles

Hei fannt Dir eis saisonal Neiegkeeten.

Wanderscheid l‘Atelier! D‘Warden huet en Enn, an dir kennt Iech op Ouverture vun eisem Atelier freeën. Direkt em den Eck, Inspiréiert vun der Liewensfreed an dem gudden Iessen enstéet hei eng Platz wou all Bauch ufänkt mat grommelen.

Ons Selectioun U Corbeillen

Inspiréiert Iech un eisen aktuelle Liblingskierf

Tatta Märrechen
De Noper Tun
Fir de Bopa Luss an d'Bomi Cecile
Fir eise Gust
Monni Jang
Lottchen
Fir den Usch an d'Viv

4 Schrëtt zu denger Corbeille

Profitéiert vun eisem prakteschen "Service Kierfchen" an erstellt Iech Är perséinlech Corbeille!

1. Sicht Iech Är Artikelen am Buttek aus
2. Zesumme wiele mir de richtege Kuerf
3. Eist Team stellt d‘Corbeille zesummen a verschéinert se
4. Huelt se direkt mat oder loosst Iech se no liwweren*

Froen? Kontaktéiert eis!

Mir freeën eis Iech kennenzeléieren.